Awunner aus der Gemeng Péiteng, déi wéinst deem schroen Tornado am fréien Owend misste relogéiert ginn, sollen an d'Péitenger Sportshal Bim Diederich (rue Pierre Hamer) goen.
Do ass e Krisenzenter vum CGDIS ageriicht gi fir deene betraffene Leit ze hëllefen.