​​​

​Méd​ia​​​th​èque:

Galerie photos


Galerie vi​déos
(temporairement indisponible)


Reportages vidéo (année 2020)


Pétange Info TV​​​​​​​​​​​

 22.06.2020

​​Lëtzebuerger Nationalfeierdag 2020
(Offiziell Usprooch vum Péitenger Buergermeeschter)​

Fête nationale luxembourgeoise 2020: Discours officiel du bourgmestre de la commune de Pétange​

 23.02.2020

​​​​Delegatioun aus der Péitenger Gemeng zu Rijeka (Europäesch Kulturhaaptstad 2020)​

Déi europäesch Kulturhaaptstad 2020, Rijeka (Kroatien) hat déi europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022 op seng grouss Kavalkad agelueden. D’Gemeng Péiteng huet dunn déi grouss Éier kritt, Esch 2022 an deem grousse Cortège dierfen ze representéieren.

Op Fuessonndeg ass eng 48 Persoune grouss Delegatioun ënner der Leedung vum KaGePe, der Prënzekoppel Fränk I a Caroline I, souwéi enger staarker Danzgrupp – d’Avant-Garde an d’ZChicas – duerch d’Stroosse gezunn. D’Lëtzebuerger sinn immens gutt mat hirem Spektakel ukomm, an d’Resonanz an de kroatesche Medie war grouss. Esouwuel de kroatesche Fernsee ewéi och vill kroatesch Zeitungen hu flott Reportagen iwwer d’Lëtzebuerger bruecht.

Ier et lass goung, krut de Buergermeeschter vu Rijeka am Laf vun enger offizieller Receptioun e flotte Kaddo vun Esch 2022 iwwerreecht.​

 31.01.2020

Lëtzebuerger Stand-Up Comedy 'Open Bühn'​

Eng absolut Neiegkeet fir Lëtzebuerg huet am Centre Wax “Um Späicher” zu Péiteng stattfonnt. Et war déi 1. Editioun vun enger “Open Bühn” fir Stand-Up Comedy op lëtzebuergesch. Eng 9 Kënschtler hu sech Rendez-Vous gi fir virun engem gespaante Publikum hiert Talent zum Beschten ze ginn. An dëst war net ëmsoss. De Sall , dee bis op déi lescht Plaz besat war, huet vibréiert vu Laachen. Esouwuel d’ Kënschtler, ewéi och d’Spectateure ware begeeschtert vun deem Event a freeë sech schonn op déi nächst Editioun vun der “Lëtzebuerger Stand-Up Comedy”.

Mat dobäi waren dës Kéier: de Shayan, den Daniel Moutinho, den Denis Koslowski, de Peter Luebken, de Prince Motiani, de Vincent Retter d’Larissa Magnus, de Shlomo Leia an de Joss den Hellen.​

 10.01.2020

​​​​Ausstellung "Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich - 75 Joer Liberatioun" - Réckbléck​​​​

Dëse Video weist e kuerze Réckbléck op d'Ausstellung "Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich - 75 Joer Liberatioun", déi tëscht dem 25. Oktober an 29. Dezember 2019 zu Péiteng stattfonnt huet an e risegen Erfolleg war.

Déijéineg, déi d'Ausstellung leider net konnte besiche kommen, hunn d'Méiglechkeet fir um Internetsite vun der Péitenger Gemeng (www.petange.lu) e virtuellen Tour duerch d'Ausstellung ze maachen: https://bit.ly/3117iJ5​​​