​    ​          ​​​​​​​​​​​

​(9) D’MONUMENT FIR DÉI SOWJETESCH ZWANGSAARBECHTER

Plaz: Kierfecht, Péiteng

Undenken: Vassili Zilenko & Jakov Stolbirov

Aweiung: 15. Oktober 1984​

Um Kierfecht zu Péiteng gouf e Steen zur Erënnerung un de Vassili Zilenko an de Jakov Stolbirov opgeriicht. Si waren zw​ee sowjetesch Zwangsaarbechter, déi wäit ewech vun hirer Heemecht gestuerwe sinn. De Vassili, 26 Joer al, gëtt schwéier blesséiert an der haiteger Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng. Hie gëtt vum Tram iwwerrannt um Wee heem vun der Aarbecht op der Stater Gare, déi deen Dag vun den Alliéierte bombardéiert gouf. D’Zwangsaarbechter haten net d’Recht, sech an d’Bunker ze flüchte wéi d’Bomme gefall sinn, wat säin Accident vläicht kéint erklären. Säi Matbierger Jakov, deen 58 Joer huet, gëtt bei engem Brand an den Eisebunnsatelieren zu Péiteng schwéier blesséiert. Hie stierft e puer Deeg méi spéit u senge Verletzungen​​​.​

Hire Gedenksteen gouf de 15. Oktober 1984 a Präsenz vum russeschen Ambassadeur ageweit​.​​