​    ​          ​​​​​​​​​

(15) ​D’MONUMENT FIR DÉI VERSTUERWE VU RODANGE

Plaz: Avenue Dr Gaasch, Rodange

Undenken: Verstuewener aus dem Zweete Weltkrich

Aweiung: 12. Juni 1949

Kënschtler: Claus Cito​

Rodange huet seng Doudeg och geéiert. Hiert Monument steet an der Avenue Dr Gaasch. Dës Statu vun enger Mamm, déi trauert, gouf vum Kënschtler Claus Cito vun Nidderkäerjeng gesc​haf a stellt den Zoustand vum Land nom Krich duer. De Prënz Félix huet d’Monument den 12. Juni 1949 ageweit.​