​​​​​    ​          ​​​​​​​​​​

​(11) D’MONUMENT FIR DÉI VERSTUERWE VU PÉITENG

Plaz: Théophile Kirsch-Park, Péiteng

Undenken: gefale Bierger vu Péiteng

Aweiung: 1953

Kënschtler: Albert Hames​

D’Monument fir déi Verstuerwen am Théophile Kirsch-Park erënnert un all d’Bierger vu Péiteng, déi hiert Liewen am Zweete Weltkrich gelooss hunn. Dës Kreatioun vum Albert Hames vu Rëmeleng gouf de 15. November 1953 a Präsenz vum deemolege Prënz Jean ageweit​​.​