(3) D’MONUMENT FIR DE JACQUES CHAUVIN
Plaz: Prënzebierg / rue Chauvin, Péiteng
Undenken: Leutnant Jacques Chauvin
Aweiung: 1940
Den 10. Mee 1940, wéi de franséiche Schwadroun ënner dem Kommando vum Jacques Chauvin op Lëtzebuerg kënnt a vum Prënzebierg erof bei d'Eisebunnsbréck op der Bomécht virstéisst,
gi si vun den Däitschen entdeckt. Déi Däitsch ginn hinnen direkt no
a schéisse mat de Maschinnegewierer a Richtung Bësch. D'Fransouse gi getraff. Vill vun hinne verléieren hiert Liewen op dëser Plaz, dorënner och de Jacques Chauvin.
D'Péitenger Scoute riichten e Monument zu senger Erënnerung op, do wou seng Läich entdeckt gouf. Méi spéit gëtt eng Kopie vun dësem Monument um Bord vum Bësch opgeriicht, an zu sengen Éiere gëtt d'Strooss no him benannt.