​    ​          ​​​​​​​​

​(19) S.A.R. G.D.-CHARLOTTE

Plaz: Grenz, Rodange

Undenken: Flucht an den Exil vun der Grande-Duchesse Charlotte

Aweiung: 1990​

Zu Rodange zitt d'Groussherzogin op hirer Flucht sech fir d'éischt an d'Gendarmerie an duerno an d'Raimlechkeete vun der Douane zréck, iwwerdeems déi Däitsch ëmmer méi no kommen.

Géint 8 Auer gëtt Douane vu Rodange informéiert, dass déi Däitsch an der Gendarmerie ukomm sinn, an d'Zäit ass fir d'Groussherzogin komm, fir hiert Land ze verloossen.​

Virun der stolener Dier op der Grenz béckt si sech eng leschte Kéier fir de Lëtzebuerger Buedem nach eemol unzepaken ier si iwwer d'Grenz op Longlaville geet. Haut hänkt eng Plack op där Plaz fir un hiren Depart vun do z'erënneren​.​