​​​​    ​          ​​​​​​​​

​(12) D’FONTAINE DE LA LIBERTÉ

Plaz: Zone commerciale, Péiteng

Undenken: 40. Joresdag vun der Befreiung

Aweiung: 8. September 1984​

Den 8. September 1984, fir de 40. Joresdag vun der Befreiung, gëtt d’Fontaine de la Liberté zu Péiteng ageweit. Si steet haut beim Agank vun der Zone Commerciale zu Péiteng, an der Robert-Krieps-Strooss.

D'Firma Alleva huet d'Fundamenter an de Bac geliwwert, d'Eisenträger an d' Kette si vun der MMRA komm dank dem deemolegen Direkter Jean-Baptiste Gillardin.

D'Iddi koum vum Syndicat d'Initiative, si ass inspiréiert um Logo vun der UPAFIL. D'Fontaine soll drun erënneren, wéi déi dräi Länner am Krich hei am Eck zesummegehalen hunn (Passeuren an Filiéristen).