​​​    ​          ​​​​​​​​​​

​(6) FAMILL HA​​HN​

Plaz: Schoul „Am Park“, Péiteng

Undenken: François, Marguerite an René Hahn

Aweiung: 2005​​

Während der Evakuatioun vun der Populatioun aus der Gemeng Péiteng wéinst de Kämpf, gi Membere vun enger Péitenger Famill déi éischt Zivilaffer an der Gemeng. Wéi si probéieren, sech an engem Loftschutzbunker virun de Bommen ze verstoppen, stierwen den Här an d' Madamm Hahn an eent vun hire Kanner, de René Hahn, duerch eng Granat vun den Alliéierten den 11. Mee 1940 am Haff vun der Schoul „Am Park“.

Haut ass eng Commemoratiounsplack zu hiren Éieren op där Plaz. Si gouf 2005 ageweit a Präsenz vun hiren Nokommen, vum Péitenger Gemengerot an de Geschichtsfrënn vu Péiteng​.​