​​​    ​          ​​​​​​​​

​​(4) D'MONUMENT ZU ÉIERE VUN DE LËTZEBUERGER ZWANGSREKRUTÉIERT

Plaz: Stadhaus/Park, Péiteng

Undenken: Zwangsrekrutéiert

Aweiung: 10. Mee 1965

Kënschtler: Schmelz v​un Dummeldeng​

D'Monument ass den 10. Mee 1965 a Präsenz vum Grand-Duc Jean ageweit ginn. D'Erënnerungsplack ass an der Schmelz vun Dummeldeng gemaach ginn. Et stong op der Plaz direkt nieft dem Stadhaus.

Wéi 1999 d'Stadhausplaz nei gemaach ginn ass, gouf d'Monument vir an de Park gesat. Eng Rei Zwangsrekrutéiert waren deemols net frou iwwer dësen Deplacement.

2005, wéi d'Annexe vum Stadhaus gebaut ginn ass, ass d'Monument nach emol geréckelt ginn op déi Plaz, wou et haut steet. Eng schéin a wierdeg Plaz fir un d'Zwangsrekrutéiert ze erënneren​​.​