​    ​          ​​​​​​​​​

(10) D’MONUMENT ZU ÉIERE VUN DE RESISTENZLER VUN DER EISEBUNN

Plaz: Gare, Péiteng

Undenken: verschwonnen Eisebunner

Aweiung: 7. Mäerz 1954

Kënschtler: Weintz​

Nom Krich organiséieren d’Eisebunner vu Péiteng Spendenopriff fir e Monument ze finanzéieren zu Éiere vun de Resistenzler vun der Eisebunn, déi den Nazien zum Affer gefall sinn. D’Monument gëtt vum Kënschtler Weintz vu Nidderkäerjeng geschaf an an der Entréeshal vun der Gare zu Péiteng opgeriicht. Et gëtt de 7. Mäerz 1954 vum Direkter vun der Lëtzebuerger Eisebunn ageweit​.