​    ​          ​​​​​​​​​​​​​

(5) ​ERËNNERUNGSPLACK „AVE SPES NOSTRA“

Plaz: Porkierch, Péiteng

Undenken: 35 gestuerwe Leit aus d​er Par Péiteng

Aweiung: Allerséilen 1946

Kënschtler: Claus Cito​

Op Allerséilen 1946 gouf an der Porkierch zu Péiteng eng Erënnerungsplack mam Titel „Ave Spes Nostra - gestuerwen fir d’Heemecht“ („mir gréissen dech, eis Hoffnung“) ageweit. Si gouf op Initiativ vum Paschtouer Hoffmann a vum Kaploun Belche ubruecht, zu Éiere vu 35 Leit aus der Par Péiteng, déi tëscht 1940 a 1945 gestuerwe sinn. Ënner hinnen ass och d’Famill Hahn​​​.​