Evènement

Keen Doheem

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​Den neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes

Ufank: 20.00 Uhr

Entréespräis​: 15 Euro

Reservatiounen:
méindes bis freides (tëscht 18h00 an 20h00) iwwer Telefon um Nummer ​+352 621 688 872 oder per mail masutti@pt.lu

Org.: Konscht-Millen asbl​​


Do wou eng Zäitche keen doheem ass, sinn d’Mais op emol Här a Meeschter. An bekannter-weis verkommen net nëmme d’Gebaier, wa se net bewunnt sinn! Och mir komme séier op den Hond, iwwerall do wou mir d’Kontroll verléieren. Wat sinn dat dach fir skurril Situatiounen, déi mir am Alldag erliewen, wann déi neuronal Schaltzentral duerch iergendeppes ausser Betrib geréit.

A genee aus sou Beobachtungen a perséinlechen Erfarungen eraus huet Tri2Pattes erëm ee fonkelneien Comedy-Programm zesumme gesponnen (elo ëmmerhi schonn déi 3. Editioun!). Dobäi bleiwen si sech ganz trei mat ganz eegene Mix vu Sketcher, Standup, Clownerie, Musek a villem méi. 

Also eng “Affaire à suivre” an een eendeitegen “Avis aux amateurs du rire” !

Et sief och hei dorun erënnert, dat Tri2Pattes de Benefiss vun hirer Tournée och des Kéier erëm integral un d’Associatioun ‘EBS Luxembourg’ spent, also fir domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigenden vum Senegal ze ënnerstëtzen!​