Evènement

"Fréier wor alles –" eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​​​​​Ufank: 20.00 Uhr

Entréespräis​: 15 Euro

Reservatiounen:
méindes bis freides (tëscht 18h00 an 20h00) iwwer Telefon um Nummer ​+352 621 688 872 oder per mail masutti@pt.lu

Org.: Konscht-Millen asbl​


Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti op eng virdigital Zäit zréck. D’Zäiten ännere sech, heescht et, an dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mär lafen dem Fortschrëtt hannendrun an en ass eis ëmmer e Schrëtt viraus.

No ‘ Sorry fir deen Duercherneen ‘ (2017) a ‘ Märd alors !!! ‘ (2019) ass dës nei kabarettistesch Liesung eng ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 6oer Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie. A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren … Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht. 

De Jhemp Hos​cheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.​