09.09.2010:
Den 9. September ass all Joer nees ergräifend. De Joresdag vun der Befreiung vu Péiteng an am Uschloss dorunner vum Land féiert jidder Bierger erëm eng Kéier virun Aen, wéi wichteg et ass, a Fräiheet ze liewen. Dovunner waren och déi Leit iwwerzeegt, déi sech donneschdes owes um Square Hyman Josefson zu Péiteng afonnt haten. Si hunn deem jonken Zaldot geduecht, deen als éischten GI säi Liewe fir eist Land op Lëtzebuerger Buedem gelooss huet. Mä och all déi aner Zaldoten an Zivilisten, déi hiren Deel zur Befreiung vum Land bäigedroen hunn, goufe bis haut net vergiess.
vers la galerie photos
C’est au cours d’une cérémonie organisée par l’Ordre de la Chevalerie du 7e Centenaire que des citoyens méritants de la commune de Pétange furent intronisés à la maison de la culture 'A Rousen’ à Pétange. Cette année, les votes étaient tombés sur Emile Lutgen (pionnier de l’antenne collective), Louis Rauen (fervent chanteur et dirigent) ainsi que Emil Angel (instituteur à la retraite et écrivain). Après avoir reçu leur médaille ainsi que le diplôme, les personnes honorées – Mr. Rauen était absent pour cause de maladie – furent invitées à jurer leur engagement vis-à-vis de la commune de Pétange.
vers la galerie photos
Country Cooking, en Numm ewéi en aneren, huet et geschéngt. Mä déi fënnef Musiker a Sänger sinn esou richteg lassgaangen, wéi si bis op der Bühn stoungen. Do huet et am Home zu Péiteng gerockt, an dat bis spéit an den Owend, jo esouguer bis an d’Nuecht eran. Vu Country war nach eng Spuer iwwreg bliwwen, mä et stoung awer haaptsächlech Rock and Roll um Programm. An dat huet den Zuschauer ganz gutt gefall, well si hunn net fir näischt eng „Zugabe“ gefrot – an net nëmmen eng Kéier.