13.03.2011
Net nëmmen e bëssen houfreg war d’Amicale Nidderréideng op déi 55. Editioun vum Buergbrennen op der Denneknippchen. An dat mat Recht, well d’Knippchen hat sech lues a lues gefëllt a war, am Moment, wou d’Freedefeier geschoss gouf, struppevoll. Zesumme mam Inneminister Jean-Marie Halsdorf haten sech Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot fir d’Ufänke vun der Buerg afonnt. Eng „Brandstëftung“, déi de Startschoss ginn huet fir de Wanter fortzejoen, an déi der kaler Saison och gutt agehëtzt huet. Fir Stëmmung huet de Käptn Ändä a säi Matrous K1000 zesumme mat den Hüettes gesuergt, esou datt et trotz e puer Drëpsen aus de Wolléke kengem kal gouf.
Donieft haten och zu Rolleng de Pompjeescorps aus der Péitenger Gemeng bei de Fräizäitzenter invitéiert, wou sech vun do aus am Fakelzuch op de Wee gemaach gouf fir um Roudreis d'Buerg ze verbrennen.
vers la galerie photo