4 Fête des générations 2019

17/07/2019
} 04:12
m Année 2019
60 views

29.06.2019:

D’Gemeng Péiteng hat den 29. Juni op hir éischt „Fête des générations“ beim Sportzentrum Bim Diederich agelueden. Um Programm stoung Musek fir Grouss a Kleng, fir Jonk a manner Jonk, traditionell a ganz modern.

Et sollt jo fir jiddwer Geschmaach eppes derbäi sinn. Wat d’Animatioune fir d’Kanner ugeet, esou hat net just de Fierschter sech eppes Originelles mam Holzbrennen afale gelooss, och d’Jugendhaus mat der Sich no engem Schatz an e Besuch um Jeekelshaff hunn esou munchen interesséiert.

Donieft gouf et och nach eng Rei Danz-Virféierungen ier den Dag mat der Radio Péiteng On Air- 80s an 90s Party op en Enn goung. An niewendrun op der Skatepiste huet um 7 Auer owes den HipHop’n’Air 2019 ugefaangen, wou éischter déi Jugendlech sech ugeschwat gefillt hu mat moderne Kläng an engem Graffiti-Atelier.

Aller au contenu principal