4 WISI-Cup (20e édition)

19/06/2019
} 04:40
m Année 2019
74 views

15. & 16.06.2019:

De 15. a 16. Juni stoung zu Rodange um Stade Jos. Philippart déi 20. Oplag vum WISI-Cup um Programm. A wéi schonn déi Jore virdrun haten sech och fir dës Gebuertsdagseditioun nees eng Kéier eng sëlleche Gruppe vu jonke Spiller a Spillerinnen ugekënnegt. Mat vill Begeeschterung, Spaass an engem groussen Engagement goungen déi zwee Deeg iwwer d’Bühn. Um Enn blouwen zefridde Sportler an Organisateuren zeréck. En Erfolleg, deen d’Politiker aus der Gemeng duerch hir Präsenz esouwuel am Laf vun de Matcher mee och bei der Medailleniwwerreechung ënnerstrach hunn. An elo heescht et schonn erëm un déi 21. Editioun denken!

Aller au contenu principal