Accueil path_arrow path_arrowpath_arrowpath_arrow
 
Enseignement
/sites/petange/Enseignement/enseignement_Header.jpg
Skip Navigation Links.
 
Cours d'appui / Nohëllefstonnen

Hues de Loscht Däi schoulescht Wësse weiderzeginn? Wa jo, da mell Dech bei eis!

D'Jugendkommissioun vun der Péitenger Gemeng sicht Leit, déi bereet sinn, Nohëllefstonne fir Sekundär- oder Primärschüler an der Gemeng Péiteng ze ginn.

Wanns Du méi al wéi 15 Joer bass (eng 5e oder 9e ofgeschloss hues), och wanns de berufstäteg bass, da fëll de Formulaire aus a schéck en u folgend Adress:

Gemengeverwaltung Péiteng
Jugendkommissioun, Serge Breyer
Postkëscht 23
L-4701 Péiteng

Däin Numm an deng Fächer ginn op eng Lëscht geschriwwen, déi hei um Site publizéiert gëtt. Schüler, déi deng Hëllef brauchen, kënne sech dann direkt bei Dir mellen an de Präis esou wéi d'Auerzäite vun den Nohëllefstonne mat Dir ausmaachen.


Relevé de personnes intéressées à donner des

Cours d'appui aux élèves de l'enseignement primaire de la commune de Pétange

Cours d'appui aux étudiants de l'enseignement secondaire et / ou secondaire technique de la commune de Pétange

PDF Imprimer
© Administration Communale de Pétange