Evènement

Weibereien

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

Ufank: 20.00 Auer

Entréespräis: 15​ Euro

Re​servatiounen: Tel. 621 688 872​

Org.: Konscht-Millen asbl​


​Staarker oder schwaacher; där, déi mat zwee Féiss um Buedem stinn oder a​​wer där, déi op Wolleken danzen​; där Gewëtzter oder där mat engem Briet virum Kapp, där diskreter oder där mat engem grousse Mondwierk; där, déi jiddereen em de Fanger wéckelen an nach där, déi nees opstinn, wann se mol op d'Nues gefall sinn... Där Frae ginn et vill verschiddener, an et wär falsch, fir se all an en Tirang ze raumen.

D'Betzy Dentzer, d'Nadine Kauffmann an d'Nancy Schlammes hun sech sproochlech a musikalesch mat deene Weiber ronderëm geschloen, sinn an hier Welte gedaucht an hu se fir Nolauschterer erausgefiizt. Eraus koum en humorvolle Geschichtenowend... net nëmme fir Fraen!

Erzielung, Textrecherche- a veraarbechtung:
Betsy Dentzer

Musek (Kompositioun a Spill):
Toneclash
Nadine Kauffmann (Saxophon)
Nancy Schlammes (Perkussioun)

Produktioun:
D'Chancëgläichheetsservicer vun Diddeleng a vu Beetebuerg

Photokredit:
Véronique Kolber