Evènement

Turlatäin

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​​Ufank: 20.00 Uhr

Entréespräis​: 20 Euro

Org.: Konscht-Millen asbl​


E ronne Gebuertsdag steet an d'​Haus. Gefeiert gëtt en "toute intimité", am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass. Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass​, gestridden, gelaacht, gesongen​ an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee.......en Turlatäin ouni Enn.

Makadammen:
Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor

Musek a musikalesch Begleedung:
Netty Glesener

Texter:
Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor

Regie:
Jacqueline Posing-van Dyck

Dekor:
Christian Klein

Kostümer:
Christian Klein an Yvette Engel

Affiche a Fotoen:
Pitt Becker

Beliichtung an Technik:
On Stage Light

Méi Detailer op: www.makadam​men.lu