Evènement

Schueberfouer-Bus

Date de création
Catégorie
Org.:
Commune de Pétange
Téléphone

Mëttwochs, de 7. September 2016, organiséiert d'Gemeng Péiteng e Fouerbus an d’Stad op d’Schueberfouer.

Den Trajet mam Bus an d’Stad an zeréck ass gratis, a vun dëser Offer kann all Awunner aus der Gemeng Péiteng profitéieren. 

Awer opgepasst! D’Plazen am Bus si limitéiert! Also mell dech schnell un op der Nummer 50 12 51 228, an dat während den Ëffnungszäite vun der Gemengeverwaltung. 

Den Départ vum Fouerbus ass um

  • 18h00: Rodange - Sportshal

  • 18h05: Lamadelaine - Schoul

  • 18h10: Péiteng - rue de l'Eglise (op der Héicht vun der Kierch)

Vun do aus geet et dann op de Glacis an d'Stad. 

No dem grousse Freedefeier, geet et zeréck a Richtung Gemeng Péiteng.​