Evènement

Onse Fuendel héich ze halen ...

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​​... oder Soulaang wéi mer falen, si mer net ënnen.

Début: 20h00

Prix d'entrée: 10 euros

Renseignements et réservations:
lundi au vendredi de 18h00 à 20h00 au numéro​ de téléphone +352 621 688 872

Org.: Konscht-Millen asbl


​Am Kader vun der Ausstellung Satirische Literatur in Luxemburg hat de Pierre Puth 2013 am CNL zu Miersch e satiresche Virtrag gehal mam Titel Lëtzebuerg de Lëtzebuerger: Exkurs iwwer eis Identitéit - vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d’Lea Linster.

Nodeems hien ee Joer duerno als Fortsetzung zu dësem Thema ënnert dem Titel Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger oder Mir wëlle bleiwen, wat mer guer net sinn en zweete Programm geschriwwen hat, soll 2016 déi satiresch Trilogie iwwer Lëtzebuerg mat engem drëtten Deel ofgeschloss ginn:

​Onse Fuendel héich ze halen oder Soulaang wéi mer falen, si mer net ënnen.​

Begleet gëtt de Pierre PUTH vum Paul DAHM