​​​​    ​          ​​​​​​​

​(1) D’MONUMENT FIR DEN HYMAN JOSEFSON

Plaz: Square Hyman Josefson, Péiteng

Undenken: éischt​e gefalenen amerikaneschen Zaldot

Aweiung: 1947

Kënschtler: Claus Cito

Zwee Joer no der Befreiung entscheeden de Syndicat d’Initiative vu Péiteng an déi lokal Autoritéiten, e Monument opzeriichte fir den éischten amerikaneschen Zaldot, deen zu Lëtzebuerg säi Liewe gelooss huet. D’Monument dréit d’Opschrëft: „Au premier soldat américain tombé pour la libération de notre pays – To the first American soldier fallen for the liberation of our country – Mir vergiessen net“ an e groussen amerikaneschen Adler.​

Den Dag vun der Aweiung huet de Jean-Baptiste Gillardin, Péitenger Schäffen a President vum Syndicat d’Initiative vu Péiteng, a senger Ried ënner anerem dëst gesot (Lëtzebuerger Iwwersetzung) :

„[...] dat klengt Lëtzebuerg wäert dësem Verspriechen trei bleiwen an [...] mir vergiessen ni eis Dankbarkeet fir all déi daper Leit, déi hiert Liewe geaffert hunn, fir dass mir eis Fräiheet erëmkruten.“

Zanter 1947 gëtt all Joer eng Zeremonie op deemselwechten Dag an zurselwechter Zäit vum Syndicat d’Initiative vu Péiteng organiséiert fir un hiert Affer z’erënneren.