​(2) D’BORNE DU PASSEUR

Plaz: nieft der Porkierch, Péiteng

Undenken: Passeuren, Filieristen a Resistenzler

Aweiung: 28. Mee 1961

D’Borne du Passeur gouf den ​28. Mee 1961 a Präsenz an ënner dem Héije Patronage vum deemolege Prënz Jean ageweit. Si éiert alleguer d’Passeuren, Filieristen a Resistenzler. Dës anonym Helden, dës onbekannt Männer a Fraen, déi hiert Liewen op d'Spill gesat hu fir dat vun deenen aneren ze verlängeren, sinn net esou bekannt ewéi d'Zaldote vun den Arméien.

Der Borne hire Sockel war am Ufank en Deel vum Monument vun der „Gëlle Fra“, dat während der Besatzung verstoppt gi war fir seng Zerstéierung duerch d’Nazien ze verhënneren.

D’Associatioun „Borne du Passeur“ gouf 1992 geschaf fir d’Erënnerung un déi ze garantéieren, déi während der Besatzung esou vill Liewe gerett hunn.

Zanter 1996 steet d’Monument nieft der Porkierch vu Péiteng.​