Evènement

"Märd alors!!!" - eng bësseg Chronik

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​​Ufank: 20.00 Uhr

Entréespräis​: 15 Euro

Reservatiounen:
méindes bis freides (tëscht 18h00 an 20h00) iwwer Telefon um Nummer ​+352 621 688 872

Org.: Konscht-Millen asbl​


2018 ënner d'satiresch Lupp geholl, ​mat dem Jules Arpetti an dem Jhemp Hoscheit

Text: Jhemp Hoscheit

Wéi scho mam 'Sorry fir deen Duercherneen'' – e satiresche Réckbléck op d'Joer 2016 –, mat deem de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit 2017 mat groussem Erfolleg op Tournée waren, trieden déi zwee Artisten nees 2019 uechter d'Land op: mam neie satiresche Réckbléck op d'Joer 2018, ënnert dem Titel: 'Märd alors!!!'.

Et ass eng ofwiesslungsräich kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2018 geschitt ass. Dat vergaangent Joer gëtt ënner d'satiresch Lupp geholl. Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen, an där déi national an international Aktualitéit mat vill Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d'Lupp geholl gëtt.

Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsongen fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.