Evènement

Alles FÉIK...oder wat????

Date de création
-
-
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​​​​​​Ufank: 20.00 Uhr

Entréespräis​: 20 Euro

Reservatiounen:
méindes bis freides (tëscht 18h00 an 20h0​0) iwwer Telefon um Nummer ​+352 621 688 872

Org.: Konscht-Millen asbl​


Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht.

Sou hu sech och puer  Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher Tëleeproduktioun däerfe matzespillen.

Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt wou alles nëmme Féik ass????​​


Makadammen:
Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor

Musek a musikalesch Begleedung:
Netty Glesener

Texter:
Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor

Regie:
Jacqueline Posing-van Dyck

Dekor:
Christian Klein

Kostümer:
Christian Klein an Yvette Engel

Affiche a Fotoen:
Pitt Becker

Beliichtung an Technik:
On Stage Light​

Méi Detailer op: www.makadam​men.lu