Evènement

Wann dat alt riicht ausgeet!

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​​​Réckbléck op 2017

Vu – Bis

vun a mam Roll Gelhausen

Et geet vun aktuelle politeschen Themen bis bei al, awer schonn nees aktuell Geschichten, vu sozial a kritesch bis kritesch awer sozial, vu Réckbléck op dat wat eis déi lescht Zäit beweegt huet bis bei Prognosen wat eis nach erwaart. Vu satieresche Versen iwwert zynesch Prosa Texter bis zu skurille Kuerzgeschichten. An dat alles vu Witzeg bis Eescht.

Dës Liesung sollt wa méiglech Emotioune ervir ruffen déi vu Schmunzelen iwwert Laachen bis zum kräische goe kënnen.

Begleet gëtt dat Ganzt vun Ufank bis Schluss vum Christophe Reitz.

E Programm fir jiddereen: Vu Jonk bis al.


​​​​​​U​fank: 20.00 Auer

Entrée: 15 Euro

Informatiounen a Reservatiounen:
méindes bis freides vun 18h00 bis 20h00
​Tel. +352 621 688 872

Org.: Konscht-Millen asbl​