Evènement

“Wéi krank ass dat?”

Date de création
Catégorie
Pétange, Centre Wax, salle "Um Späicher" (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

​Den neie Programm 2018/2019 vum Cabaret Batter Séiss

D​​​ébut: 20h00

Prix d'entrée: ​20 euros

Renseignements et rés​ervations:
lundi au vendredi de 18h00 à 20h00 au numéro​ de téléphone +352 621 688 872

Org.: Konscht-Millen asbl


​Et ass der net gutt, du gees bei den Dokter an dee seet der, dass de ferm krank bass. Spéitstens elo stells de him d’ Fro: Wéi krank ass dat? Wat ass méi schlëmm? En Accouchement oder eng Männer Gripp? - Och am Alldag ginn et Leit, déi hunn e komescht Behuelen. Du bass erstaunt iwwert hier Reaktiounen, iwwert hier Äntwerten, hier Aktiounen. Och elo stells der nees d’Fro: Wéi krank ass dat? - D’Politik mécht leider keng Ausnam. Vill Décisiounen sinn net novollzéibar, si Gëft fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. An hirem neie Programm 2018/19 stellt sech de Cabaret Batter Séiss , wann der wëllt och zesumme mat iech, d’ Fro: Wéi krank ass dat?

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Fro. Et ass dem Ensembel säin 8. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mat den Acteuren Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’Texter vun de Sketcher an de Lidder si vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.

​​​