Evènement

All Reitz reserved

Date de création
Catégorie
Pétange, Site Wax (2, rue d'Athus)
Org.:
Konscht-Millen asbl
Téléphone

CD-Présentatioun

All Reitz Reserved – Electric Eclectic

Entrée libre

Renseignements et Réservations:
lundi au vendredi de 18h00 à 20h00
Tél. 621 688 872

Org.: Konscht-Millen asbl​​

---------------------------------------

De Chris Reitz (geb. 1992) ass zu Péiteng opgewuess, wou hien och mat 8 Joer ugefaangen huet an der Museksschoul Gei ze léieren.

Déi richteg Passioun fir d’Musek sollt hien awer eréicht zéng Joer méi spéit mat der elektrescher Gei, senger spezieller E-Gei kenneléieren.

Et sinn déi onendlech Méiglechkeeten, Téin elektresch ze manipuléieren, déi hien bis haut begeeschteren. Nieft enger Rëtsch Gruppen, an deenen de Chris Reitz aktiv war, oder bis haut nach ass, huet hien 2013 säi Soloprojet „All Reitz Reserved“ an d’Liewe geruff, mat dem hien zanterhier zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun Concerte gëtt.

Den Hierscht 2017 ass et endlech esou wäit – de jonke Péitenger presentéiert säin éischten CD, den am Partenariat mat der Konschtmillen asbl. entstanen ass. Um Album „Electric Eclectic“ si ronn 35 Minutten Eegekompositiounen, déi et nieft der enger oder anerer Iwwerraschung am intime Kader vun der Konschtmillen z’entdecke gëtt. Souvill sief verroden: Et gëtt elektresch, mat villen Elementer aus der elektronescher Musek an eklektesch, also villsäiteg an interessant, mat Musek, déi jonk an aal usprécht an invitéiert ze dreemen.​